Haut free
mer eis fir an d’Schoul ze kommen. Mir gin nämlech haut mat eisen zwou
Jofferen op den Tëtelbierg d’Ausgruewunge vun dem Réimerduerf kucken.
Wéi et schellt, ginn déi
aner mat laange Gesiichter an d’Schoul. Mir grinsen nach eng Kéier an dréinen
eis a Richtung Bierg.
De Joé an de Pit fänken
u mat Sangen:” Mir gi spadséieren, di aner musse léieren!……….”
Den Toni kuckt engem
Motorrad no: “ Cool……..Ech kafe mer och esou een!”
Alles kuckt op de Moto. Et ass e fonkelneie, roude Suzuki Crossmoto.
“ Wéivill PS soll deen hunn?”
Den Toni weess Bescheed:
“ Deen huet 90 PS.”
De Mann, deen dropsëtzt,
huet e schwaarze Liederkostüm un an en décke, schwaarzen Helm mat engem blénkege,
schwaarze Viséier. Seng Hänn
stiechen an décke, gefidderten Hännschen an un de Féiss huet heen héich,
schwaarz Liederstiwwelen. Heen dréckt op de
Gas, dass de Motor hurelt
a rennt voller Vitesse op eng eeler Madame zou, déi just iwer d’Strooss wëllt
goen.
De Raoul hällt sech
d’Aen zou, d’Vanessa jäitzt, d’Bremse quietschen, d’Madame deet
Kreesch…… De Chauffeur gëtt Vollgas, d’Rieder
dréinen duerch, a schon ass heen em d’Kéier!
“Meng Posch, meng
Posch!!! Elo huet dee Gauner meng Posch geklaut!”
Mir renne bei d’Fra.
“Ech komme grad vun der Bank an
da kënnt dee Knaschtert a klaut mir
meng 20.000 Frang!“
D’Coiffeuse kënnt
erausgelaf: “ Ech hun d’Police geruff. Si kommen direkt! Kommt, Madame
Dautfeier, ech maachen Iech eng Taass Kaffi!”
Mir loossen der Madame
eis Nimm an eis Adressen, an da gi mir endlech op de Bierg. Mir schwätze vu näischt
anescht ewéi vun deem, wat mir elo
just erliewt hun.
“ Di aarm Fra deet mer
Leed!”
“ Hues de gesin, wéi
dee geranntkomm ass?”
“ A wann deen an eis
gerannt wir?”
“ Leider huet ee säi
Gesiicht nëtt gesinn.”
“ En hat emol keng
Nummer um Moto!”
Ett ass scho schéi
waarm, a mir käischen de Bierg erop. De
Maurizio leet säi Rucksak op de Buedem a sicht seng Fläsch Waasser.
Op eemol jäitzt en:”
Kommt séier kucken! Hei si Spure vun engem Motorrad!”
D’Jessica rifft:” Du
gesäis d’Männercher! Et gëtt méi ewéi ee Moto!”
Mir lafe schnell dohin,
awer ausser enger Motorradspur gesi mer wäit a breet näischt.
No enger Stonn si mer
dann endlech bei den Ausgruewungen ukomm. Mir sti beim Drot a waarden op den Här
vum Musée, deen eis soll Erklärungen ginn. D’Tania,
d’Loredana, d’Audrey an d’Vanessa loosse sech an d’Gras falen. De
Raoul, de Joé an de Pit catchen……
Op eemol fänkt de
Philippe un ze laachen:”Haten d’Réimer och scho Poschen?”
“ Wou?”
“ Firwat?”
“ Wat ass lass?”
“ Ma do, kuck do läit
eng Posch!”
D’Leslie klëmmt iwer
den Drot a gehäit eis d’Posch eriwer. D’Audrey mecht se op.
Do steet e Numm: Virginie
Dautfeier. Dat ass jo der Madame hir!!!!!!!!!
“ Wat maache mer
elo?” Mir décidéiren d’Posch matzehuelen an den Owend dréit eng vun eise
Jofferen se bei d’Police.
Mir verbrénge flott an
interessant Stonne mat dem Här vum Musée an am Nu ass et eng Auer. Mir soe dem
Här Merci an Awuar a maachen eis op d’Sich no enger gudder Plaz, wou mer
picknicke kënnen.
Tania an d’Loredana lafe vir.
“Kommt heihin,”rifft
Tania”, mir hunn e Schapp fonnt!”
D’Jonge renne lass wéi
e Blëtz: si wëllen déi beschte Plaze kréien. Op
eemol bleiwe si all matenee stoen. Wéi Statue gesi se aus: mat
groussen Aen, de Mond op, awer et kënnt keen Toun eraus.
Virun der Haip
steet………………. e roude Suzuki Crossmoto, ouni Nummereschëld.
Drop läit e schwaarzen
Helm, mat engem blénkege Viséier a schwaarz Hännschen.
Mir kucken eis een deen
aneren unn. D’Loredana flüstert:
“
A wat elo?”
Wéi d’Indianer schläiche
mer bei d’Haischen. Mir hunn et ganz ëmzingelt. Lues hiewe mer eis an d’Knéien
a luussen duerch d’Fënsteren.
An dem Haische steet en
Desch an zwee Still. Op engem Stull sëtzt e mocklesche, klenge Mann an engem
schwaarze Liederkostüm. En huet ongeféier 20 Joër. En huet eng Glatz, e schwaarze Schnurres ënnert der Nues an um rietse Baak
eng grouss Narb. Heen ass am Gaang Suen ze zielen. Niewend him um Dësch
steet eng Fläsch Whisky, aus där hee vun Zäit zu Zäit eng fatzeg Schlupp hëllt.
Heen ass esou gurmangzech, dass de Whisky him laanscht d’Baaken erofleeft.
D’Joffer wénkt, mir
sollen eis zeréckzéien. Mir schläichen hanner den Hiwwel, deen niewt dem
Haischen ass.
De Maurizio grommelt: “
Mir bräichten e puer schnell Been, déi d’Police siche lafen.”
De Raoul äntwert direkt:
“ An an där Zäit fiirt hee fort!”
D’Jessica huet d’Léisung:
“ Ma mär loossen him einfach
d’Loft aus de Pneu’en!”
” A wa mer d’Dir mat
engem laange Stéck Holz calléieren, da kënnt e net méi eraus!”pëspert
d’Vanessa. Gottseidank geet d’Dir no baussen op.
Wat e Gléck, dat mir
zwou Jofferen hunn. D’Leslie, de Philippe, den Toni, de Steven an d’Loredana
lafe mat der Joffer Mellina de Bierg of bei
en Telefon, déi aner bleiwe mat der Joffer Welter beim Haischen.
De Pit an de Joé schläiche
sech no beschter Winnetoumanéier bei de Moto. Si dréinen d’Ventiler op, a
schschschschsch……………, scho sinn d’Rieder platt!
D’Vanessa, d’Audrey,
d’Tania, d’Jessica an de Maurizio sichen e klenge Bamstamm.
Do läit dee richtegen.
Mat all hirer Kraaft hiewe si en op.
“Loosst deen net op
meng Féiss falen!” käischt d’Audrey. Si schleefen de Bam bei
d’Haischen an stäipen e géint d’Dir.
“Sou, dee sëtzt an der
Fal! Elo brauche mer nëmmen ze waarden bis d’Police kënnt!”
Vollgeschweesst loosse
mer eis op de Buedem falen.
“
Eeeeeee……………., ech si voller Seechomesen. Dat pickt!!!! “ jäitzt
d’Tania.
“ Psst, bass de roueg!”
Ze spéit! De Glatzkapp
steet an der Fënster a kuckt eraus. Schon huet en eis gesinn.
Gläich drop rubbelt en
un der Dir, fir erauszekommen. Awer
eise Bamstamm hällt duer. Hee kënnt net eraus. Do rennt heen zëréck bei d’Fënster a rappt se op.
“Dee wäärt jo elo net
erauskommen!” jéimert d’Vanessa.
Mais dach!! Hee stëcht
de Kapp eraus, d’Ärem an d’Schëllere komme no, a mat sengem décke
Bauch………..bleiwt e stiechen. E ruddert mat den Ärm, mais et geet net méi
vijentzeg a net méi hannertzeg. Trotz eiser Angscht musse mir laachen.
“- Wou bleiwt
d’Police?”,rifft de Pit.
"-Keng Panik! Mir si
jo schon do!"
4 Polizisten kommen op
eis duergelaf. Hannendrun, ausser Otem, rennt de Rescht vun eiser Klass.
“Aha, do hänkt jo eise
Kolleg! Dech siche mer scho laang!" mengt ee Polizist.
Zwee
vun hinnen maachen d'Dir vum Haischen op a ginn eran.Si zéien de Räiber vu
banne mat de Been, déi aner drécke vu baussen.
Den Tip jäitzt:"
Aua, passt dach op! Mäi Bauch!"
No e puer Minuten hunn si
en eraus an doen em d'Handschellen un. Si soen eis nach, si kéime muar bei eis
an d'Schoul an da gi se mat em.
Während där Zäit
stunge mir zimlech wäit ewech an hun deem ganze Spill nogekuckt.
Elo wou ërëm alles
roueg ass, mierke mer, wéi mitt mer sinn a mir maachen eis gemittlech op de Wee
no heem.
Dräi Deeg duerno steet
eis Geschicht an allen Zeitungen. D'Madame Dautfeier gëtt eis 2000 Frang, déi
mir bei eisen Ausfluch bäileeen an als Clou vun deem Ganzen, gi mer esouguer op
der Gemeng empfaangen..
Juni/
Juli 2000
Audrey Antinori
Joé Robinet
Pit Halsdorf
Maurizio Parrotta
Loredana Casasanta
Steven Matos
Vanessa Rossi
Raoul Kieffer
Jessica Storoni
Leslie Medina
Toni Veigas Martins
Philippe Reicher
Tania Watgen
Marie-Jeanne Mellina-Rauen
Viviane Welter-Daman